Och wann d’Zuele stabel bleiwen, ass all Affer vu Gewalt een ze vill. D’Monica Camposeo huet de Rapport fir eis ënner d‘Lupp geholl.
Gewalt am Stot ass nach ëmmer en Tabuthema. Net all Persoun, déi Affer vu Gewalt gëtt, mellt de Virfall och der Police. De Rapport vum Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer consideréiert déi Fäll, wou d‘Police huet missen intervenéieren an dat koum d’lescht Joer 739 Mol vir. An 231 Fäll huet d’Persoun, déi Gewalt ugewannt huet, d’Wunneng misse verloossen. Wann et zu enger sougenannter Expulsioun kënnt, dierf den Täter oder d’Täterin fir déi nächst 14 Deeg kee Kontakt zu der Famill ophuelen. Dës Period ka bis zu 3 Méint verlängert ginn. D’Police suivéiert dës Fäll.
"Mir suivéieren, andeems mer mat der Persoun zeréckginn an den Hausschlëssel ofhuelen. Da musse mer eng Adress kréien, well dës Persoun natierlech och Post vum Geriicht kritt. A wann d’Affer urifft a seet, e wär erëm do, da gi mir dohin an huelen d’Persoun erëm eraus.", esou d'Kristin Schmit vun der Police Grand-Ducale.
Den Täter muss léieren, d’Verantwortung fir seng Dot ze iwwerhuelen. Nëmmen duerch eng intensiv Betreiung ka verhënnert ginn, dass gewalttäteg Leit réckfälleg ginn. De Service "Riicht Eraus" bitt esou eng Betreiung fir d’Täter un.
"Den éischten Appell hëlt scho vill Drock ewech an do muss een dann drubleiwen. A si mierken och, dass se sech kënnen änneren an och wéi gutt et hinnen deet, doriwwer ze schwätzen.", betount d'Laurence Bouquet vu "Riicht Eraus".
Fir de Problem vun der Gewalt am Stot kënnen ze bekämpfen, missten awer och nei Mesuren agefouert ginn.
"Ech wäert elo versichen en interministeriellen Aarbechtsgrupp an d’Liewen ze ruffen, fir d’Gesetz och emol ze analyséieren. Et ass e puer Joer hier, wou et fir d‘lescht gekuckt ginn ass. Dofir musse mir de Bilan maachen.", esou d'Taina Bofferding, d'Ministesch fir Gläichheet tëschent Fra a Mann.
Wichteg wier et, dass keen ewech kuckt, wann ee mierkt, dass eng Persoun Hëllef brauch, esou d’Ministesch weider. De Problem vun der Gewalt am Stot géing eis nämlech all eppes ugoen.