Tëscht Mäerz a MeeZuel vu Verkéiersaccidenter war stabel am Verglach zu de Jore virdrun

RTL Lëtzebuerg
Dat huet den zoustännege Minister Bausch e Freideg wësse gedoen. Zënter dem Ufank vum Joer si bis ewell 14 Leit bei Accidenter ëm d’Liewe komm.
Bilan Verkéiersaccidenter
Dat huet den zoustännege Minister Bausch e Freideg wësse gedoen. Zënter dem Ufank vum Joer si bis ewell 14 Leit bei Accidenter ëm d’Liewe komm.

D'Haaptursaache vun de Verkéiersaccidenter bleiwen ënnert anerem Alkohol um Steier an déi héich Vitess. Dem zoustännege Minister no hat de Lockdown keen Afloss op d'Statistik vun de Verkéiersaccidenter. Dat wier drop zeréckzeféieren, datt wärend där Periode am Joer am mannsten Accidenter geschéien. Déi meeschten Accidenter geschéien am Summer an am Hierscht. Bis ewell si 14 Leit bei Accidenter ëm d'Liewe komm. Wéinst verschiddene Facteure kéint sech dës Zuel awer an Zukunft änneren. D'Association des Victimes de la Route ënnersträicht, datt e puer Chauffeure wärend dem Lockdown de Permis ofgeholl kruten, well se ze vill gedronk haten. D'Associatioun assuréiert jo Prise en Chargë fir Affer vu Verkéiersaccidenter, grad ewéi hire Familljen. Wärend dem Lockdown gouf et hei eng Permanence.

D'Zuel vun den Doudesaffer bei Verkéiersaccidenter louch zejoert bei 22, am Joer 2018 bei 36. Duerch Sensibiliséierung a Repressioun wëll een d'Sécherheet am Verkéier verbesseren. Dowéinst gëtt vill Wäert op Kontrollen a Radare geluecht.

D'AVR hat dann och zesumme mam zoustännege Minister eng nei Campagne lancéiert, fir déi drastesch Suitte vum Alkoholkonsum fir d'Verkéierssécherheet ze verdäitlechen.

Back to Top
CIM LOGO