Nächste Samschdeg an der StadParcours vum Nuetsmarathon wéinst verschidde Chantieren ugepasst

Claudia Kollwelter
Op der 19. Editioun vum ING-Nuetsmarathon gëtt et eng weider Kéier eng Rekordzuel vu Leit, déi un den Depart ginn.

Nächste Samschdeg ass déi 19. Editioun vum ING Marathon an der Stad. 18.000 Leefer sinn ugemellt an dat ass en neie Rekord! Ma esou en Nuetsmarathon bréngt natierlech och eng helle Wull un Organisatioun a Planung mat sech an ëm déi ass et e Freideg op enger Pressekonferenz vun der Stad Lëtzebuerg gaangen.

ING-Nuetsmarathon: Eng Organisatioun mat verschiddenen Hürden
Dëse Freideg gouf et op enger Pressekonferenz vun der Stad Lëtzebuerg verschidden Detailer zum ING Marathon.

Organisateur kritiséiert Autoritéiten

Och no 20 Joer wier et nach ëmmer schwéier, esou en Evenement op d'Been ze stellen, erkläert den Organisateur Erich François, dee bedauert, datt ee bei villem Steng an d'Weeër geluecht kréich: "Beispielsweise Drohnen, Flugverbot: Wir haben das selber beantragt, aber nur deshalb, damit niemand fliegt, den wir nicht kennen, um Gefahren abzuwenden. Jetzt wurde ein Reglement für alle Drohnen festgelegt. Dann habe ich gesagt, dass das ein Fehler im Reglement sei. Dann heißt es, es tut uns leid, aber das ist so beantragt worden. Das kann jetzt nicht mehr geändert werden – totaler Unsinn. Warum kann man ein Reglement nicht ändern, damit es sinnvoll ist? Regeln sind für die Menschen da und nicht der Mensch für die Regeln."

Geplangt war iwwerdeems och e Slackline-Spektakel, den Archie Williams sollt wärend dem Marathon tëscht der Tour A an Tour B op der Place de l’Europe 4,2 Kilometer iwwert eng 2cm breet Slackline-Lafen. En Freideg de Moie kruten d'Organisateuren allerdéngs gesot, datt dat esou net méiglech wier, och wann dës Aktioun nach an hirem Pressecommuniqué erwäänt gëtt.

PDF: De Communiqué de Presse vum der Stad Lëtzebuerg an den Organisateure vum ING-Marathon

Tracé wéinst Chantieren ugepasst

Och bei der Arrivée an der Luxexpo ginn et Changementer. Et dierfe keng Niwwelmaschinne méi benotzt ginn, wéinst de Feiermelder. Wéinst Chantieren uechtert d'Stad huet den Tracé vum Marathon dëst Joer misse geännert ginn. D'Simone Beissel, zoustänneg Sportschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, erkläert. "Et war haaptsächlech an der Péitruss. Dir wësst, do ass e grousse Chantier, well do alles och frësch gemaach gëtt, et ass eng Léisung fonnt ginn. Et ass jo ëmmer dat, wat zielt, dass den Tracé elo kann determinéiert ginn. Et ass haaptsächlech fir de grousse Marathon, also fir den Haaptmarathon, iwwer déi ganz 42 Kilometer, wou dat do wäert spillen."

Gréisser Changementer ginn et dann och a punkto Busnavette fir d'Leefer, wéi de Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmid seet. "Mir hunn dëst Joer Navette vum Park-and-Ride Bouillon, déi dëst Joer zousätzlech zum Tram och bis bei den Depart fueren. Mir hunn awer dofir keng Navette vum Park and Ride Süd, well do jo och den Tram fiert."

Um Site vun der Stater Gemeng ginn et dann och Detailer zum ëffentlechen Transport an der Circulatioun an der Stad. Dës sollen esou normal wéi méiglech funktionéieren, dofir ginn et op der Pist eng 38 Punkten, wou een op déi aner Säit vun der Lafbunn kënnt. Wat den ëffentlechen Transport betrëfft, esou fueren d'Busse vun der AVL normal bis 18 Auer, um Lampertsbierg bis 16 Auer. Dono ginn et verschidden Upassungen esouwuel bei de Buslinnen wéi och beim Tram. Weider Detailer fënnt een um Site vun der Stad Lëtzebuerg.

Evenement, deen der Stad Visibilitéit bréngt

Ronn 450 Mataarbechter vun der Ville de Luxembourg si fir de Nuetsmarathon am Asaz, fir datt alles esou kann oflafe wéi geplangt. Et wier en Evenement, deen der Stad awer och eng grouss Visibilitéit gëtt. Houfreg ass een, datt dëst Joer 71 Museksbünen ugemellt sinn a 670 Museker op der Streck fir gutt Ambiance suergen. Betount gouf och, datt d'Stad de ganzen Dag iwwer accessibel an d'Parkingen op wäerte sinn an d'Busser an den Tram fueren.

ING Night Marathon Luxembourg<br>L’hôpital de garde du Kirchberg&nbsp;restera accessible le samedi 16 mai 2026

Back to Top
CIM LOGO