
Déi meescht Leit (39%) hu sech an der Famill ugestach, 7% hunn de Virus mat aus dem Ausland bruecht. Bei 34% vun de Fäll ass net kloer, wou sech infizéiert gouf.
Bis en Dënschdeg goufen iwwerdeems 8.554 Dosisse vum Anti-Covid-Vaccin geimpft. PCR-Tester goufen et ronn 44.500.Bannent der leschter Woch sinn 8 weider Persounen un oder mam Coronavirus verscheet, 11 manner wéi d'Woch virdrun.
Och an de Spideeler entspaant sech d'Situatioun weider
D'lescht Woch goufen et 62 Patienten op den normale Statiounen a 15 Leit op der Rea.
All dës Chifferen hu positiv Effekter op d'Tauxen: den Inzidenz-Taux läit bei 135 Fäll op 7 Deeg op 100.000 Awunner.
De Reproduktiouns-Taux geet iwwerdeem erop a läit bei 1,05%.
D'lescht Woch ware ronn 1.840 Covid-19-positiv Leit isoléiert, eng 2.500 Persoune waren a Quarantän.