
Am Zäitraum tëscht dem 25. an 31. Januar goufen awer och méi Tester gemaach - 51.337 am Ganzen - dat sinn der 6.920 méi wéi nach déi Woch virdrun.
Bei de positiv geteste Persoune louch d'Altersmoyenne bei 36,8 Joer an dorënner och méi Männer mat 50,3% wéi Fraen (49,7%).
1.820 Persoune ware lescht Woch an Isolatioun (-19 déi Woch virdrun), 3.357 Persounen a Quarantän. Do ass et e Sprong vu 605 méi op déi Woch virdru gekuckt.
Lescht Woch goufe 14 Doudesfäll gezielt, déi Woch virdru waren et 9.
De Reproduktiounstaux geet iwwerdeems weider erop a läit bei 1,10%.
Op d'Hospitalisatioune gekuckt: D'lescht Woch goufen et 55 Patienten op den normale Statiounen an 13 Leit op der Intensivstatioun. D'Altersmoyenne bei den hospitaliséierte Persoune louch bei 67 Joer.
Tëscht dem 25. an dem 31. Januar krute 4.279 Persounen eng éischt Impfdosis, 436 hir zweet.