Nationalen Dag vum BamZu Kielen goufen iwwer 200 Uebstbeem geplanzt

Christophe Hochard
Zanter 2018 hat de Kielener Joël Adam d'Iddi am Hannerkapp, e Gemeinschaftsbongert ze realiséieren...
De nationalen Dag vum Bam
Zanter 2018 hat de Kielener Joël Adam d'Iddi am Hannerkapp, e Gemeinschaftsbongert ze realiséieren...

Nodeems hie vill positive Feedback vun de Leit aus dem Duerf a ronderëm kritt hat, huet hien dëse Projet an d'Dot ëmgesat. An dofir goufen e Samschdeg, um "Nationalen Dag vum Bam" iwwer 200 Uebstbeem geplanzt.

Op enger Surface vun epesch méi ewéi 2 Hektar goufen e Samschdeg 244 Uebstbeem geplanzt. Vun allen Zorten. Souwuel Äppel-, ewéi Bieren-, Quetschen- an ënnert anerem Mirabellebeem.

Vun all de Leit déi matgemaach hunn, komme ronn 35 % aus der Gemeng Kielen a ronn 15 % aus der Mamer Gemeng. Et koum souguer e Mann vun Antwerpen erof fir un dëser Aktioun deelzehuelen.

Fréier goufen et esou Bongerte ronderëm all Dierfer. Si sinn e wichtege Biotop an eise Géigenden. Dausenden Insekten, Villercher, Eilen asw fannen do hiert Doheem. Fréier goufen där Bongerten och ugeluecht fir sech mat frechem Uebst ze versuergen.

Back to Top
CIM LOGO