Feier an EefamilljenhausZu Esch Uelzecht koum et e Freideg an der Rue Dieswee zu engem Brand

RTL Lëtzebuerg
Beim Tëschefall kuerz no 18 Auer gouf awer zum Gléck keng Persoun blesséiert, et blouf beim Materialschued.
© Domingos Oliveira

Op der Plaz waren d'Rettungsekippen vun Esch, Käl, Schëffleng, Monnerech an dem Belval.

Zu Péiteng hat dann nach eng Poubelle gebrannt. Och hei blouf et beim Materialschued. Den Asazzenter Péiteng-Käerjeng war hei op der Plaz.

Den 112 mellt zwee weider Bränn um Samschdeg de Moien. An der Stad huet an der Rue Auguste Tremont e Kamäin gebrannt an zu Miersch stoung 9.30 Auer een Auto a Flamen. Hei blouf et beim Materialschued.
Zwee Verkéiersaccidenter gouf et dann an der Nuecht op e Samschdeg. Ëm 2:10 Auer ass en Auto zu Breedelt op der Klierferstrooss an d’Mauer vun engem Haus gerannt. Den aneren Accident war um 2.30 Auer op der A4 a Richtung Esch, Sortie Féiz. En Auto huet sech hei iwwerschlo. A béide Fäll gouf eng Persoun blesséiert.

Da mellt de CGDIS nach en Accident tëscht 2 Autoen um 17:34 Auer e Freideg, dat op der RN6 tëscht Mamer a Capellen. Hei goufen zwou Persoune verletzt.

Back to Top
CIM LOGO