AppellprozessZivilrechtleche Volet vun engem déidlechen Accident tëscht Boxer an Eeselbuer

RTL Lëtzebuerg
Op der Cour d'appel ass sech um Mëttwoch nach emol mam zivilrechtleche Volet vun engem déidlechen Accident tëscht Boxer an Eeselbuer beschäftegt ginn.

Opgrond vun enger Expertis war am Abrëll de materielle Schuedenersatz - wéinst Akommesverloscht - fir d'Witfra vum Affer op ronn 650.000 € chiffréiert ginn. De Condamnéierten hat dogéint Appell gemaach. E Méindeg war dëse Prozess ausgesat ginn, well nach verschidde Piècë gefeelt haten. Déi de Me Baulisch, Affekot vun der Witfra, um Mëttwoch ofginn huet.

Et goung ëm d'Fro, bis wéini si eng Invaliderent krut. Dat wär bis zejoert de Fall gewiescht, huet de Me Baulisch deklaréiert. D'lescht Joer krut d'Fra dunn e Courrier vun der Pensiounskeess. Nodeems sech hire Gesondheetszoustand verbessert hätt, hätt si déi sougenannten „Indemnité d'attente“ bezunn, wär du bei d'Adem gaangen an hätt e Kontrakt als Botzhëllef kritt. Zanter dem 1. Oktober géif si 30 Stonnen d'Woch schaffen, ma hire Verdéngscht wär wäit vun der Invaliderent ewech, déi si krut, sou hiren Affekot.

De Me Wolfsteller, Affekot vum Veruerteelten, huet gemengt, der Fra hir Situatioun wär net sou uerg; schliisslech hätt d'Assurance eng Provisioun an Héicht vun 300.000 € bezuelt, wouropshin de Me Baulisch fonnt huet, et wär nëmmen normal, datt Sue gefloss sinn. Fir de Me Wolfsteller hätt d'Fra awer och eng Zäit eng Invaliderent kritt, soudatt dunn net just een, mä zwee Revenuen am Stot gewiescht wären. Dowéinst sollt säi Mandant manner Schuedenersatz ze bezuele kréien.

Et sief bemierkt, datt de Condamnéierten am Mäerz 2015 um Dikrecher Geriicht op strofrechtlechem Plang zu 6 Méint Prisong mat Sursis, enger Geldstrof vun 2.500 € an engem Fuerverbuet vu 4 Joer, 3 dovu mat Sursis, veruerteelt gi war. D’Partie-civillen hate sengerzäit, nieft Expertisen, déi gefrot gi waren, ronn 120.000 € Schuedenersatz zougesprach kritt.

Viru ronn 5 Joer hat de Veruerteelten am fréien Owend zwee Motocyclisten iwwersinn, wouvun een net méi laanscht den Auto koum. Den 43 Joer ale Mann um Moto war liewensgeféierlech verwonnt ginn an zwee Deeg drop verstuerwen. Zum Zäitpunkt vum Accident hat den Automobilist 1,1 Promill Alkohol am Blutt. De 27. November ass d'Appellsuerteel.

Back to Top
CIM LOGO