BauerenzentralZertifikatiounssystem soll iwwerschafft ginn, Kritik un Discounter-Reklamm

RTL Lëtzebuerg
De Landwirtschaftsministère hat jo e Mea Culpa gemaach, wéinst enger Publikatioun, déi u sech gutt gemengt war.
© Screenshot / agriculture.public.lu

Nom Mea Culpa vum Landwirtschaftsminister, nodeems am Magasinn Gudd! eng Annonce vun engem Discounter fir bëllegt Fleesch eraus komm war, kritiséiert och d'Bauerenzentral dës Publikatioun.

Et wier "falsch", wann esou eng Annonce, déi e Contraire zu faire Präisser ass, an enger Publikatioun vum Ministère wier.

D'Bauerenzentral kritiséiert awer och de geplangten neie System vun Zertifikatioun an de Qualitéitssystem, dee géif auslännesch, bëlleg produzéiert Produkter wéi Fleesch a Geméis ënnert engem nationale Label an direkt Konkurrenz zu de lokale Produkter bréngen.

D'Centrale Paysanne schreift an der Publikatioun" Lëtzebuerger Bauer", datt domat de Verbraucher géif veronséchert a falsch informéiert ginn - de Präisdrock géif dann nees op de lokale Produzente leien.

Duerfir setzt sech d'Bauerenzentral fir en Iwwerschaffe vum geplangten Zertifikatiounssystem, mä och vun de Mesurë vum Bio-Aktiounsplang an, well e riskéiert, sech géint d'Landwirtschaft ze riichten.

RTL-NEWS: Mea Culpa vum Landwirtschaftsministère: Déck Polemik iwwer Discounter-Reklamm

Back to Top
CIM LOGO