2020Zejoert koume beim Ombudsman 914 Reklamatiounen eran, liicht manner wéi 2019

RTL Lëtzebuerg
Et geet ëm Delaien, Refusen oder aner Problemer, déi d'Bierger mat Verwaltungen oder Gemengen hunn.
© Screenshot Chamber TV

D'Mediatrice Claudia Monti huet de Méindeg de Moien de Rapport an der Chamber presentéiert an op e speziellt Pandemie-Joer zeréckgekuckt.

Rapport Ombudsman/Reportage Pit Everling

Wärend der Pandemie hätten d'Leit besonnesch op déi ëffentlech Administratioune gezielt an natierlech misst och a sou engem aussergewéinleche Kontext de Rechtsstaat garantéiert bleiwen. Déi meeschte Reklamatiounen – nämlech bal en Drëttel – betreffen den Ausseministère.

Eng Partie Demandë stoungen och a Relatioun mat Corona, zum Beispill goung et ëm d'Hëllefe fir Betriber. Hei wier de Wirtschaftsministère heiansdo rigide a wéineg flexibel gewiescht, bedauert d'Claudia Monti. Déi meescht Doleancë vu Bierger betreffen allerdéngs den Ausseministère, hei geet et dacks ëm Delaien.

E grousst Suergekand bleift de Logement. Hei koumen zejoert 26 Reklamatiounen eran. Am Rapport fanne mer fir eng spezifesch Problematik eng Recommandatioun. Do recommandéiert d'Mediatrice, dem Fonds du Logement säi Punktesystem ze reforméieren. Dëse wier nämlech ongerecht vis-à-vis vu Leit, déi hire fixen Domizil verléieren. De Fong wier där Demande och schonn nokomm, begréisst d‘Mediatrice.

Beim Ombudsman konnten zejoert iwwregens 640 Dossiere clôturéiert ginn. Den Taux de correction läit bei ronn 82%.

Back to Top
CIM LOGO