Jobdag op RTLZefridde Gesiichter bei Patronen an eventuell zukünftegen Employéen

RTL Lëtzebuerg
Den Donneschdeg 26. September war nees Jobdag op RTL. Tëscht 8 an 18 Auer huet RTL probéiert, zukünfteg Patronen an Employéen zesummenzebréngen.
Déi viregt Editioun vum Jobdag war an der City Concorde.
Déi viregt Editioun vum Jobdag war an der City Concorde.
© René Scho (Archiv)

Bilan Jobdag / Reportage Fabienne Zwally

Schonn vun 8 Auer un en Donneschdeg de Moien konnten d'Leit, déi den Ament op der Sich no enger Aarbecht sinn, sech bei 90 verschiddene Patronen aus dem privaten an dem staatleche Secteur virstellen an hir Chance op en neien Job versichen. A fir deen een oder aneren ass dësen Donneschdeg da vläicht deen Dag gewiergt, fir déi eng richteg gutt Opportunitéit.

An och op Säite vun de Patrone weise sech zefridde Gesiichter. Et hu virun allem an de Moiesstonne vill Leit de Wee op Esch fonnt, fir sech am Face-à-Face dem vläicht zukünftege Patron ze presentéieren.

De 27. Februar ass déi nächst Editioun an der Belle Etoile.

All déi ausgeschriwwe Plazen op Jobdag.rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO