Invité vun der Redaktioun (25. September) - Patrick RemakelZe vill administrativen Opwand, an net genuch Personal

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE/CGFP den Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Patrick Remakel
E Mëttwoch de Moie war de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE/CGFP den Invité vun der Redaktioun.

Ze vill administrativen Opwand, an net genuch Personal – dat si fir de Patrick Remakel zwee vun de Problemer, firwat d’Léierpersonal den Ament ganz onzefridden ass.

De President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE fuerdert ganz séier vill Changementer, well d’Schoulmeeschteren an d’Léierinne gäre wéilte Schoul halen, mä dat einfach ënnert den haitege Konditiounen dacks net machbar wier.

Den administrative Waasserkapp wier einfach ze grouss, an d’Basis vum Schoul hale géif doduerch dacks ze kuerz kommen.

Et géife méi sougenannten “instituteurs spécialisés“ gebraucht ginn, an och méi Leit an den „équipes de soutient“.

Et wier och e Fakt, dass et an de leschte Jore ganz vill Reformen an der Grondschoul gouf, vläicht souguer ze vill mengt de Patrick Remakel. Et sollt een deenen elo mol Zäit ginn, a parallel do wou et net klappt nobesseren, wéi beispillsweis bei der EDIFF, déi net adequat géif funktionéieren.

D’Clichet-Argument, dass d’Léierpersonal bei vill Vakanz, an enger héijer Pai, sech mol manner sollt opreegen, léisst den SNE-President net gëllen. Wann dat esou wär, dann hätt ee jo keng Penurie u Leit. Vläicht misst een eng Campagne lancéieren, fir de Beruff vum Enseignant nees an e bessert Liicht ze réckelen, an nees déi Jonk och méi fir déi Beruffsrichtung ze motivéieren.

Op Dauer kéint een nämlech net just mat "Quereinsteiger" schaffen. Zil misst et sinn, all d’Poste mat diploméierte Leit ze besetzen.

E Mëttwoch de Moie war de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE/CGFP den Invité vun der Redaktioun.

Pressekonferenz vum SNE um Dënschdeg

„Mir brauchen erëm Rou an der Schoul“, heescht et vun der Enseignantsgewerkschaft SNE. No de ville Reformen aus de leschte Joren, misst een déi elo mol gräife loossen a se héchstens punktuell nobessere wann néideg. A mat ganz neie Reforme misst elo mol Schluss sinn. Den SNE huet sech am Virfeld vun der Luxdidac, déi en Dënschdeg um Forum Geeseknäppchen hier Dieren opgemaach huet, ze Wuert gemellt. D'Gewerkschaft fuerdert méi pädagogescht Personal fir op Kanner mat verschiddene Besoinen anzegoen. Dobäi ass den SNE net géint Quereinsteiger, mä d’Prioritéit misst weider bei de forméierten Enseignante leien, esou de President vum SNE, Patrick Remakel.

„Den SNE huet sech där Solutioun net widdersat a mir sinn eis och sécher, dass mer op d'Quereinsteiger an noer Zukunft net kënne verzichten. Awer, mir soen, mir musse kucken, dass mer méi diploméiert Personal kréien an et ass awer och ganz kloer fir den SNE, dass déi Leit, déi eng Schoulmeeschter-Ausbildung hunn, absolut Prioritéit mussen hunn.“

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO