
D'Regierung huet dat annoncéiert a bezitt sech op Recommandatioune vun der nationaler Ethikkommissioun.
Déi war vun der Regierung gefrot ginn, wiem ee soll weider Prioritéit gi fir de Vaccin.
Wéi decidéiert een dat?, huet d'Carine Lemmer bei der Presidentin vun der Ethikkommissioun nogefrot.
Et ass am Fong eng grausam Fro, wiem een an enger Pandemie Zougang zum Vaccin gëtt, wann et ëm d'Liewegt geet, seet d'Julie-Suzanne Bausch. D'Ethikkommissioun hält sech u streng ethesch Krittären. Et geet drëms, ze verhënneren, datt Leit stierwen, uerg krank ginn oder ënner Laangzäit-Suitte leiden. Et misst ee prioriséieren, well net genuch Vaccin do ass.
Dowéinst wär et och ze fréi, fir driwwer ze diskutéieren, ob Beruffsgruppe mat ville Kontakter solle Prioritéit kréien.
"Et ass gewosst, datt, wann een eng Beruffsgrupp hëlt wéi elo den Enseignement, och do misst da warscheinlech prioriséiert ginn, well net genuch Vaccin do ass. Wa genuch Vaccin do ass, schwätze mer net méi vu Prioriséierung. Da soe mer just nach: Huel e Rendez-vous, wann s de wëlls a géi dech vaccinéieren."
Do dernieft géifen och sozio-professionell oder wirtschaftlech Grënn eng Roll spillen, esou Decisioune missten dann awer méi breet diskutéiert ginn. D'Ethikkommissioun géif elo scho méi wäit iwwerleeën, mä grouss Perspektive wären de Moment net méiglech. Mir soe léiwer näischt, wéi falsch Hoffnungen ze ginn, ënnersträicht d'Presidentin vun der Ethikkommissioun.
"Intellektuell hunn ech en décke Problem dermat, datt an anere Länner, och Nopeschlänner, Leit Perspektive gesat kréien, datt déi gesot kréien, datt d'Impfung quasi iwwermuer ass an datt een nees ka geschwënn ouni Mask zu 20 op enger Terrass sëtzen ze feieren. Ech fannen, dat ass net d'Roll vun enger Ethikkommissioun. Et wëll een net de „Miesepeter" sinn, mä ech fannen näischt méi schlëmm, wéi de Mënsche falsch Hoffnungen ze maachen."
Parallel zum Vaccinatiounseffort appelléiert d'Julie-Suzanne Bausch och un d'Leit, sech testen ze loossen.
"Wa justement just 40% vun den Enseignanten oder 20% vun de Schüler sech teste loossen, do freet ee sech awer och....et ass en Akt vu Solidaritéit, fir sech testen ze loossen. Ech sinn elo 9 Mol geruff ginn, ech ginn elo dës Woch eng 9. Kéier. Dat kascht keen Effort, do kritt een näischt agesprëtzt. Dat këddelt eng Kéier an der Nues oder am Hals an da war et dat."
Dee klengen Effort vu Solidaritéit kéint een der Gesellschaft ginn, egal ob een Enseignant oder Schüler oder soss een, deen invitéiert gëtt an de Large Scale Testing, fënnt d'Presidentin vun der nationaler Ethikkommissioun.