Déi grenziwwerschreidend Mobilitéit, den Aarbechtsmaart an den Ëmweltschutz stoungen um Programm, awer och steierlech Froen. Eng Partie Gemengen aus der Grenzregioun waren un d'Rheinland-Pfälzer Ministerpresidentin erugetruede mat der Suerg, dass si fiskal Pertë géife maachen, well esouvill däitsch Bierger op Lëtzebuerg géife schaffe fueren. Si fuerderen eng duebel Besteierung, respektiv e Remboursement vu Säite vu Lëtzebuerg.
War et soss eng kollegial Atmosphär op der ofschléissender Pressekonferenz, ass de Premier Xavier Bettel fir dës Fro vum Däitschen an d'Lëtzebuergescht gewiesselt.
''Ech akzeptéieren net, dass verschidde Leit probéieren engem d'Gefill ze ginn, ewéi wann déi ganz Grenzregioun misst ënnert dem Lëtzebuerger Wuesstem leiden. Mir schafen Aarbechtsplazen, mir schafe sozial Transferten, mir schafe Renten, mir schafen eng Dynamik hei an der Regioun, déi ganz wichteg ass. Dofir: engem d'Gefill ze ginn, dass ee leit, wann ee Lëtzebuerg als Noper huet, ass fir mech inakzeptabel.''
Iwwerdeems géif sech Lëtzebuerg jo u Projete bedeelegen, vun deenen déi ganz Grenzregioun profitéiere kéint. Virop a Punkto Mobilitéit, wou d'Weststreck tëscht der Stad an Wittlich jo fir 2024 nees fir de Persounentransport reaktivéiert wäert ginn.