
Wou erliewen d'Leit nach Inegalitéiten an a wéi enge Beräicher muss nach nogebessert ginn? Ënnert anerem déi Froen huet de Chancëgläichheetsministère an enger Consultation publique gestallt. Hannergrond dovun ass den nationalen Aktiounsplang, dee momentan ausgeschafft gëtt. D'Resultater dovu goufen en Donneschdeg presentéiert an den Interessi wat d'Thema Inegalitéiten ugeet war nawell grouss.
An 3 Wochen hunn net manner wéi 1.777 Leit de Questionnaire per Internet ausgefëllt. Souwuel Residente wéi Frontalieren hu matgemaach, an duebel esou vill Fraen wéi Männer. Si goufe gefrot, wéi si d'Evolutioun a punkto Gläichheet tëscht Mann a Fra gesinn, erkläert d'Ministesch Taina Bofferding.
Do geet ganz kloer mat 67% ervir, datt se soen datt et Fortschrëtter ginn, datt Verschiddenes sech verbessert huet, mä datt nach sou munches ze maache bleift.

Déi gréisste Prioritéiten, wou eppes geschéie muss, gesäit d'Majoritéit am Beräich vun der Gewalt an dem Harcèlement an awer och wat d'Ongläichheeten am Loun uginn. Wat d'Resultater betrëfft, ass zwar z'erkennen, datt et kaum Ënnerscheeder an den Äntwerte ginn tëscht de verschidden Alterskategorien, allerdéngs awer wéi d'Männer oder awer d'Fraen d'Inegalitéiten gesinn.
Obscho mam Gesetz vun 2016 d'egalité salariale festgehalen ass, huet bis ewell nach keen an esou engem Fall eng Klo gemaach.
Den neien Aktiounsplang, deen Äntwerten op déi eenzel Problemer a Suerge liwwere soll, soll Enn dës Joers finaliséiert ginn.