
Wat sinn d'Risike fir eis Ekonomie a wéi kann ee se am Beschte reduzéieren? Zu Lëtzebuerg ass d'Situatioun stabel, ma besonnesch d'Kreditter fir Immobilien, sinn dem europäeschen Comité een Dar am A.
Dowéinst huet de Finanzminister Pierre Gramegna an der zoustänneger Finanz-a Budgetskommissioun vun der Chamber e Gesetzprojet virgestallt, deen der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur, der CSSF, soll Instrumenter ginn, fir den Immobilien-Kredit z'encadréieren.
„Et geet drëms, 5 verschidden Instrumenter ze schafen an dem Gesetz, fir dass de Kredit kann, wann dat muss decidéiert ginn, reduzéiert ginn. Mee et ass elo mol fir d'éischt déi Etapp, dass Lëtzebuerg soll d'Instrumenter kréien.“
Dëse Risk misst een awer och méi nuancéiert kucken a besonnesch déi sozial Komponent am An halen, fënnt den CSV-Deputéierte Gilles Roth. D'Leit hei am Land missten nämlech nach ëmmer d'Méiglechkeet hunn, fir e Kredit ze kréien an sech een Eegenheem kënnen ze schafen. Dat ass mat dësen Instrumenter awer net ëmmer garantéiert.
„Déi Indikatioun, wou de Minister eis ginn huet, wou Korridoren virgesi sinn, wou d'CSSF, also d'Bankenopsiicht, herno ka fixéieren. Da gesäit een, dass eng Persoun a jonke Joren, déi een Netto-Loun vu ronn 3.000 Euro de Mount huet, da kann nach tëscht 150.000-450.000 Euro e Prêt maachen. Et weess een awer, dass ee mat deene Suen hei am Land a besonnesch ëm d'Stad, sech net ganz vill nach ka leeschten. An dofir muss een dat do mat äusserster Virsiicht kucken. Et kann net sinn, dass duerno just nach Leit déi Garantië vun Elteren oder vun anere Persounen hunn, dass déi sech kënnen een Haus oder een Appartement leeschten an déi Aner ginn alleguerten op de Marché vun de Locatioune gedriwwen. Dat fanne mir net an der Rei.
Och d'Pirate plädéiere wéi d'CSV fir de Risk op der enger Säit anzegrenzen, ma anerersäits misst ee kucken dass doduerch net eng Ongerechtegkeet fir Leit entsteet, déi manner verdéngen. De Gesetzprojet wär virun allem net transparent, erkläert de Sven Clement.
„Ech hunn haut d'Äntwert op eng Question parlementaire kritt, wou ech op 2 Säiten an 17 detailléierte Froen déi Indicateure gefrot hunn, déi si als Basis huele fir dëse Projet. D'Äntwert dovunner war eng Säit a keng eng Zuel. Ech mengen dat weist ganz kloer, dass hei bëssen am Niwwel gefëscht gëtt. Dass hei Zuelen an Indicateuren an Limitte fir déi Couloire geluecht goufen, déi net faktesch kënne beluecht ginn, wou keng Evidenz-baséiert Politik gemaach gëtt.“
De grousse Risk bei dësem Projet wär, dass d'Léine méi schwéier kéint ginn an domat nees vill Leit vum Marché ausgeschloss géifen, erkläert den LSAP-Deputéierte Franz Fayot nach. Dofir misst een onbedéngt och méi Offer um Immobiliëmarché schafe fir d'Präisser erofzebréngen.