Summerresidenz vum Grand-DucWiem gehéiert den Domaine zu Cabasson?

RTL Lëtzebuerg
Ass den Domaine op der Côte d'Azur an den Hänn vum Haff oder vum Staat? Dat gëtt elo an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro beäntwert.
© Cour grand-ducale / David Niviere

Zënter Joerzéngten ass d'groussherzoglech Famill an der Summervakanz an engem Domaine zu Cabasson op der Côte d'Azur. An deem Kontext war eng Diskussioun opkomm wiem deen Domaine da gehéiert.

A senger Äntwert op d'parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Piraten, Marc Goergen, ass et vum Staatsminister Xavier Bettel d'Prezisioun, dass d'Grande-Duchesse Charlotte deen Domaine Ugangs der 50er Jore kaaft huet. En ass also am Privatbesëtz vun der groussherzoglecher Famill a gehéiert net dem Lëtzebuerger Staat.

Back to Top
CIM LOGO