
Nodeems d'Police den Automobilist ausmaache konnten, hunn d'Beamte festgestallt, dass hien nawell fatzeg gedronk hat. Hie war mat sengem Auto an ee geparkte Won geknuppt an hat doropshin e Pneu verluer, ass awer weidergefuer.
Den Alkoholtest war positiv. Bei der Kontroll koum nach eraus, dass de Mann scho méi dacks de Fürerschäin ofgeholl krut an hien aktuell och e Fuerverbuet huet.
Op Uerder vum Parquet gouf de Chauffer festgeholl an den Auto sécher gestallt.
Zu engem weidere Virfall wéinst Alkohol um Steier koum et zu Conter. Géint 20.00 Auer hat do e Chauffer d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an huet sech iwwerschloen. De Mann koum an d'Spidol. Hien hat ze vill gedronk an de Permis gouf agezunn.