Fuerschung am Grand-DuchéWëssenschaft als Schlëssel aus der Kris

Pierre Weimerskirch
D'Pandemie huet gewisen, wéi wichteg de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ass. Eng enk Zesummenaarbecht tëscht den Instituter hätt den Erfolleg ausgemaach.
Wëssenschaft als Schlëssel aus der Kris
D'Pandemie huet gewisen, wéi wichteg de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ass. Eng enk Zesummenaarbecht tëscht den Instituter hätt den Erfolleg ausgemaach.

Ouni Wëssenschaft wiere mer elo net do, wou mer stinn, esou de Constat vum Premier Xavier Bettel, deen en Dënschdeg de Moien op Besuch bei Research Luxembourg war. Lëtzebuerg huet fir e klengt Land e groussen ëffentleche Fuerschungsstanduert. Iwwert déi lescht Regierungen ewech goufe vill Efforte gemaach, fir aus dem Grand-Duché e Magnéit fir Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler ze maachen. Efforten, déi sech als wichteg wärend der Coronapandemie erwisen hunn.

Eng 1.700 Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler schaffen an der ëffentlecher Fuerschung. Mënschen aus der ganzer Welt kommen zesummen a Laboen zu Lëtzebuerg. Villes wier esou séier ëmzesetze gewiescht, well een als Fuerschungsgemeinschaft decidéiert hat, sech zesummen ze schléissen, esou de Prof. Paul Wilmes vu Research Luxembourg. Eent vun de konkrete Beispiller wier hei de Large-Scale-Testing gewiescht, dat et Lëtzebuerg erlaabt hätt, virun allem d'Schoule méi laang opzehale wéi an anere Länner. D'Fuerscher ginn dovun aus, datt de Large-Scale-Testing besonnesch an der Hierschtwell lescht Joer ee groussen Impakt op d'Zuel vun de Neiinfektiounen hat. Eng Etüd soll dat nach genee klären, esou de Paul Wilmes. Net méi gekläert muss ginn, datt d'Wëssenschaft haut eng wesentlech Roll an der Gesellschaft spillt. Grad och hei am Land.

Back to Top
CIM LOGO