Dofir gouf am Kader vun der Enquête eng "commission rogatoire internationale" agesat, fir datt d’Lëtzebuerger Justiz dës Aussoe kéint iwwerpréiwen.
Op Nofro beim Parquet heescht et um Mëttwoch, d’Instructioun wier nach net ofgeschloss. Viru genee dräi Joer koum et zu Bäreldeng zu engem gréissere Police-Asaz. Am Fall vun engem Polizist, dee beschëllegt gëtt, seng Schwëster an hire Partner ëmbruecht ze hunn, wier den nationale Volet vun der Enquête ofgeschloss, esou d’ Spriecherin vum Parquet. International géifen nach eng Rei Iwwerpréiwunge lafen.
RTL-Informatiounen no kéint een iwwert dëse Wee beispillsweis un Informatioune kommen, wéi een am sougenannten Darknet un e Gëft komm ass a wat bestallt gouf. Informatiounen, déi een net um Computer vum Beschëllegte fonnt hätt. Wéini et zu engem Prozess kënnt, ass nach net virauszesoen, well och wann nach Iwwerpréiwungen am Ausland am Gaang sinn, kann et zu engem Prozess kommen.
Wat ass geschitt?
Et war de 25. September 2016, wéi an enger Wunneng zu Bäreldeng eng jonk Fra an hire Frënd dout opfonnt goufen. De Parquet huet deemools confirméiert, datt bei der toxikologescher Auswäertung Spuere vun Toxinne bei den zwee Affer fonnt goufen. 3 Deeg méi spéit ass am Ëmfeld vun der Wunneng eng grouss Sichaktioun an den Dag drop gëtt e 26 Joer ale Polizist verhaft, him gëtt virgeheit, seng Schwëster an de Frënd vergëft ze hunn. Dat war virun 3 Joer, zanterhier setzt de Mann an Untersuchungshaft.