Politesch ReaktiounenWéi kommen nei Covid-Mesurë bei Oppositioun un?

RTL Lëtzebuerg
Mir hu bei den Oppositiounspolitiker nogefrot, wat si vun den neie Mesurë vun der Regierung halen.
Politesch Reaktiounen
Mir hu bei den Oppositiounspolitiker nogefrot, wat si vun den neie Mesurë vun der Regierung halen.

D'Fraktiounscheffin vun der CSV, Martine Hansen, pocht op méi Eegeverantwortung, an dorobber dass et un de Leit wier, sech méi verantwortungsbewosst ze behuelen.
„Doheem bréichte mer méi Restriktiounen, 20 Leit, dat war relativ vill an do ass de Message eriwwerkomm, 20 Leit, da kënnt der maache wat der wëllt. Ech hat dat u sech schonn direkt am Ufank vum Deconfinement gesot, de Sproch muss u sech gëllen, bleift auserneen och doheem, an dee Sproch mengen ech, muss nach ëmmer gëllen, dat heescht och doheem hu mer e Risiko, wat mer awer nach net wëssen, sinn dat wierklech déi Clusteren, wou ee lo ugestach gëtt oder ginn et och nach aner Clusteren. Dat wësse mer nach net, dofir ass och dat schwéier ze beurteelen, mee ech denken, datt mer muer eng Kommissiounssëtzung hunn wou och d'Wëssenschaftler dobäi sinn déi do Froe kënne stellen.“

Den Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum, huet iwwerdeems eng Erklärung vun der Regierung vermësst, firwat d'Situatioun zu Lëtzebuerg aktuell ass, wéi se ass.

„D'Ministesch huet d'selwecht ewéi de Premier a quasi engem Saz gläichzäiteg gesot, et géif dorunner leien, datt d'Leit net disziplinéiert genuch wieren zu Lëtzebuerg, zum Schluss hu se gesot mam Verglach mam Ausland wiere mer immens disziplinéiert zu Lëtzebuerg an dat geet awer net op. Dat ass och déi Erfarung, déi ech selwer gemeet hunn. Wann een an de leschte zwou Wochen op Metz oder op Tréier, war huet ee gesinn, datt sech d'Leit sech do wesentlech manner un d'Gestes Barrièren halen ewéi hei. An nawell ass et hei, wou d'Leit sech éischter drun halen, wou et explodéiert.“

Bei de Piraten huet ee seng Zweiwel, ob dës nei Mesuren e groussen Impakt wäerten hunn, fir déi zweet Well anzedämmen.

Den Deputéierte Sven Clement freet sech, ob d'Police elo virun den Hausdiere vun de Leit soll op der Lauer leien, fir ze kucken, ob do 10 oder 11 Leit an d'Haiser eraginn. A sengen Ae misst een och de Contact tracing nach verstäerken.

RTL NEWS: Am Privaten ass een op 10 Leit nees limitéiert, Tracing App ass méiglech

Back to Top
CIM LOGO