Stierffäll a Corona-ZäitenWéi huet Lëtzebuerg d'Pandemie gemeeschtert?

RTL Lëtzebuerg
Duerch d'Pandemie ass d'Tabuthema Doud méi visibel a present ginn, och wann et wéi deet.
Stierffäll a Corona-Zäiten
Duerch d'Pandemie ass d'Tabuthema Doud méi visibel a present ginn, och wann et wéi deet.

Déi schro Situatioun wéi zu Bergamo (Italien), New York a Meissen (Däitschland) ass eis bis ewell erspuert bliwwen, ma nawell war am Krematorium zu Hamm am November an Dezember eng Surcharge z'erkennen. Zu deem Zäitpunkt goufe souvill Leit ageäschert wéi a kengem Joer virdrun zënter der Ouverture. En definitive Bilan kann een den Ament nach net zéien, ma 2020 goufen 303 Leit méi ageäschert wéi 2019. Vun den 542 Doudesfäll vum Ufank vun der Pandemie bis den 13. Januar sinn zu Hamm 352 Verstuerwener ageäschert ginn.

Wéi erliewen d'Doudegriewer hei zu Lëtzebuerg dës deels onwierklech Covid-Zäiten? Wéi huet dës Beruffsspart, fir déi et bekanntlech keen Home Office gëtt, sech ugepasst? Si sinn nämlech do an hëllefen de Leit an der schwiereger Zäit vun der Trauer. Duerch d'Quarantän oder aner wichteg sanitär Mesuren ass et dacks nach méi en Defi fir déi Hannerbliwwen, wéi scho virun der Pandemie, zemools, wann een um Enn net méi konnt Äddi soen.

Am Reportage erzielt de Patron Jean-Paul Erasmy zesumme mat senge Mataarbechter vun engem bekannte Pompes-Funèbres-Betrib an der Stad, wéi fir si den Ufank vun der Pandemie war a wéi si déi nei Normalitéit erliewen.

Geschat 10% méi Aarbecht hate si vu Mäerz bis Dezember. Virop goung et am Ufank mol drëms, d'Mataarbechter ze schützen, well och si haten net genuch Masken, Schutzkleedung etc... Sou goufen dës deels iwwerdeiert online aus dem Ausland bestallt. Donieft konnte Congéen net geholl ginn an et ware vill Iwwerstonnen néideg. Haut ass d'Situatioun besser, ma och well zousätzlecht Personal agestallt gouf.

Vill nei Erausfuerderunge bleiwen awer, zum Beispill d'Famillje vun de Covid-Verstuerwenen an hirer Trauer ze beroden. Online wëll hei bal kee seng Zeremonie, e Sarg oder eng Urne eraussichen. Seng Leit droen e gewësse Risiko mat sech, wa se an d'Spideeler oder Altersheemer Transporter maachen, an déi Hannerbliwwe sinn all ze dacks och eeler Leit an zielen zu de Vulnerabelen. Vun der Santé wier fir dës Beruffsspart den Ament awer net virgesinn, datt si zäitno e preventive Vaccin géint de Coronavirus kréien.

Back to Top
CIM LOGO