Parlamentaresch FroWéi gëtt Wëld, dat geschoss gouf, traitéiert?

RTL Lëtzebuerg
"Wëldfleesch gëtt genee d'selwecht behandelt a kontrolléiert wéi geziichte Fleesch" a "Wëldfleesch ass en natierlecht a gesond Liewensmëttel."

Dat sinn zwou Aussoen aus den Äntwerte vun 3 Ministeren op zwou parlamentaresch Froe vum Marc Goergen. Den Deputéierte vun der Piratepartei wollt vum viregte Gesondheets-, vum Landwirtschaftsminister a vun der Ëmweltministesch ënnert anerem Prezisiounen hunn zum Kille vu geschossenem Wëld.

Parlamentaresch Fro/Reportage Eric Ewald

Den Etienne Schneider, de Romain Schneider an d'Carole Dieschbourg hunn zesummen op déi 1. an de Romain Schneider eleng op déi zweet Question parlementaire vum Marc Goergen geäntwert.

PDF: Äntwert vum Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen

Back to Top
CIM LOGO