
Dëst wäert awer net den eenzege bannent der LSAP sinn an nächster Zäit.
Wann dëse Mëttwoch also déi nei EU-Kommissioun gréng Luucht vum Europaparlament kritt, da gëtt den aktuelle LSAP-Europadeputéierten Nicolas Schmit, vum 1. Dezember un, EU-Kommissär fir Aarbecht. An dann ass natierlech ee vun de 6 Sëtz am EU-Parlament fräi, dee vum LSAP-Deputéierte Marc Angel wäert iwwerholl ginn.
„Dofir wäert ech dann, no dem Vott am Europaparlament de 27. November, den 28. an der Chamber meng Demissioun areechen, fir dass d'Chamber kann eng „validation des pouvoirs“ virhuelen an d'Europaparlement informéieren, dass ech Zweetgewielte sinn, op der Lëscht vun der LSAP an dass ech da Member vum Europaparlament ginn. Gläichzäiteg wäert d'Madame Closener, wann ech meng Demissioun ginn, hir Pabeieren areechen, fir dass d'Chamber kann eng validation des pouvoirs vun hir maachen, dass si mech dann an der Chamber ersetzt.“
Eng aner Demissioun, déi net dierft op sech waarde loossen, ass déi vum Etienne Schneider. Hien hat ugekënnegt, dass hie säi Mandat als Wirtschaftsminister a Vizepremier net wäert zu Enn bréngen. An zanterhier ginn et Spekulatiounen iwwer seng Successioun. Dan Kersch oder Franz Fayot? Dozou den Aarbechts- a Sportminister Dan Kersch, d'lescht Woch bei eis op der Antenne.
„Also ech hu jo elo schonn e puer mol op déi leideg Fro do misse äntweren. Ech soen et elo sou cru wéi ech et nach ni gesot hunn. Den eenzegen, deen doriwwer ze decidéieren huet, wéini dass hie wëll an der Regierung ophalen, ass den Etienne Schneider. Den Etienne Schneider huet just eppes gesot, no héchstens 10 Joer ass Schluss. Méi ass den Ament zu der ganzer Thematik net ze soen. Komm mir huelen d'Decisioune wa se ustinn. An ob ech Vizepremier ginn oder net, ass wierklech sekundär. An dat interesséiert d'Leit dobaussen absolut sou wéineg.“
Hannert de Kulissen héiert een awer mëttlerweil, dass de Franz Fayot gewëllt wier, de Posten z'iwwerhuelen. Dat wollt hien eis awer net confirméieren a widderhëlt och, dass ee misst d'Decisioun vum Etienne Schneider ofwaarden. Egal wéi misst dann och e Politiker aus dem Zentrum an d'Chamber noréckelen. Dat wär an dësem Fall d'Cécile Hemmen.
Méi konkret gëtt et awer da beim LSAP-Deputéierten Alex Bodry. Deen iwwergëtt säi Posten als Fraktiounschef den 1. Januar un de Georges Engel. Duerno dierft et just nach eng Form-Saach si bis hien an de Staatsrot noréckelt. Den Alex Bodry dierft dann an der Chamber ersat ginn duerch d'Simone Asselborn-Bintz.