Au fur et à mesure hätt een de Sars-Cov-2 an d'Krankheet Covid-19, déi doduerch ausgeléist gëtt, awer besser kennegeléiert an den Traitement adaptéiert.
D'Annick Goerens war an d'Intensivstatioun vum CHL an huet mat engem Dokter geschwat, dee vun der 1. Stonn u Covid-Patienten traitéiert huet.
Den Dokter Jean Reuter schafft an der Reanimatioun an an de Soins Intensifs am CHL. Scho wann een an op de Stack kënnt, gesäit een, dass et roueg ass. Keng Nervositéit, kee Stress, et ass een net debordéiert. De Krich-Zeenario, déi ee vun de Biller, och aus dem noen Ausland wéi Metz, Mulhouse a Stroossbuerg kennt, also chaotesch Zeene mat Patienten, déi lénks an riets am Gank leien a Fleegepersonal an Dokteren, déi komplett iwwerfuerdert sinn, goufen et zu Lëtzebuerg glécklecherweis ni, betount de Jean Reuter. An awer stoungen och Dokteren zu Lëtzebuerg virun enger Inconnue. Wärend der éischter Well si bannent engem kuerzen Zäitraum vill méi Leit gestuerwen, wéi elo an der zweeter Well. Dat léich awer virun allem dorun, dass d'Populatioun eng ganz aner wier.
„D'Patiente sinn e gutt Stéck méi jonk. Am Fong déi aktiv Populatioun, déi vill méi sozial Kontakter, déi dobaussen ass, déi elo betraff ass an déi oft e ganz gudde Verlaf hunn. An bei der éischter Well waren eben ganz vill Leit an engem gewëssen Alter, déi de Virus kruten an dat wësse mer, dass déi vill méi fragil sinn an dass do de Verlaf vun der Krankheet vill méi schlëmm ass an dass d'Mortalitéit vill méi héich ass.“
Den Alter wär bei wäitem den Haaptrisiko-Facteur, dat wéisst een och. Vu 60 Joer u géing d'Mortalitéit staark an d'Luucht goen.
„Dat zweet, dat ass op alle Fall, epidemiologesch gesi mer dat, do sinn Männer méi betraff, also méi betraff wéi Fraen. Also net méi infizéiert, mä wou d'Gravitéit vun der Krankheet méi staark ass. Een anere grousse Facteur, dat ass d'Obesitéit. Et gëtt eng Korrelatioun mat der Hypertensioun a mam Diabetis.“
An der éischter Well hätt een d'Krankheet kennegeléiert an et wéisst een elo, wéi ee kéint domat ëmgoen. Zum Beispill kritt mëttlerweil all Patient Dexamethasone.
„Et ass bis elo déi eenzeg richteg gutt Etüd, déi am Kontext vum Coronavirus gemaach ginn ass. Et ass eng englesch Etüd "Recovery", wou méi wei 12.000 Leit participéiert hunn. An déi hu wierklech bewisen, dass Dexamethasone, also eng Zort Corticoiden, d'Mortalitéit erofsetzt. An dat war eppes, bei der éischter Well, déi alleréischt Patienten op alle Fall, deenen hunn mer keng Corticoide ginn an en cours de route vun der éischter Well, hu mer ugefaangen dat ze maachen.“
Donieft huet sech erausgestallt, dass et e Benefice ass, fir d'Covid-Patiente vun Ufank u staark ze anti-koaguléieren, also hiert Blutt ze verdënnen. Duerch d'Veronsécherung an och einfach de Fait, dass een de Virus net kannt huet, goufe Patienten am Ufank och méi séier intubéiert, wéi et soss bei enger anerer viraler Pneumonie gemaach gi wär, erkläert den Dokter Jean Reuter.
„Dat hu mer awer och en cours de route geännert. Éischtens well mir d'Gefill haten, dass d'Intubation précoce éischter délétèire wär am Sënn vun, dass mer Séquelles à long terme géingen induiséieren: mat Patienten, déi laang ageschlof sinn, déi laang musse Muskel-Relaxante kréien an dat induiséiert, dass se Muskelschwund hunn, dass se Neuropathien hunn an duerno vill méi laang brauchen, fir ze recuperéieren.“
D'Intubatioun war a gëtt och nach ëmmer kontrovers diskutéiert, obwuel de Konsens ënnert ville Medezinner éischter géing drop hindeiten, dass net soll verfréit intubéiert ginn, mä just wann de Covid e grave Verlaf huet, erkläert de Spezialist an der Reanimatioun. Iert een intubéiert, kann een nämlech nach e puer aner medezinesch Akte maachen.
„Dat Engt ass normale Sauerstoff ginn, dat Anert ass e ganz staarken Debit, also 50L pro Minutt Sauerstoff ginn iwwert d'Nues. An dat drëtt ass eng Ventilation non invasive, wou mer am Fong just eng positiv Pressioun drasetze mat engem Mask. Dat heescht Patienten, déi selwer ootmen, et ass just, dass se gehollef kréien. An dat zweet ass, dass mer weider Kiné maachen. D'Leit musse probéieren op alle Fall sech weider ze beweegen. An dat drëtt, dat ass effektiv de Posturage, dass ee se kann op de Bauch leeën, dat mécht, dass d'Oxygénatioun an de Longe besser ass.“
Beim Posturage géing een awer och u Limitte stoussen, wann ee Patienten hätt, déi 140 Kilo weien a sech net kënnen op den Bauch leeën, sou nach den Dokter. Allgemeng wär een elo gutt virbereet op déi 2. Well, well d'Krankheet wär net méi komplett onbekannt an all Woch géingen et nei Erkenntnisser ginn, sou nach den Dokter Jean Reuter.
