CSSFWarnung virun "RBC Trade"

RTL Lëtzebuerg
D'Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur CSSF warnt virun den Aktivitéite vun enger Entitéit mam Numm "RBC Trade" a virun "www.rbctrade.io".

Et gëtt behaapt, datt d'Adress vum Siège an der Rue Jean Engling an der Stad wier. Allerdéngs wéisst d'CSSF näischt vun "RBC Trade" a warnt dowéinst och virun hirer Websäit "www.rbctrade.io".

D'Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur deelt mat, datt d'Entitéit hinnen net bekannt wier a si keen Agrement hätt, fir Finanzdéngschtleeschtungen ze maachen.

PDF: Communiqué vun der CSSF (18.11.19)

Back to Top
CIM LOGO