
Et gëtt behaapt, datt d'Adress vum Siège 25A Boulevard Royal an der Stad wier. Allerdéngs wéisst d'CSSF näischt vun der Entreprise a warnt dowéinst och virun hirer Websäit "www.kristalynewealth.com".
D'Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur deelt mat, datt d'Entitéit hinnen net bekannt wier a si keen Agrement hätt, fir Investissementsservicer a gestion de patrimoine ("Family Office") ze maachen.