Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.836 Tester waren der 70 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 70 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufen 8.836 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 21 Leit hospitaliséiert, dovunner een op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 614 aktiv Infektiounen. 6.421 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,10.

PDF: Coronavirus - Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO