Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.150 Tester waren der 90 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 90 positiv geteste Patienten,  75  vun hinne si Residenten. Dat fir de 25. August. Et goufen 8.150 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganzen 7.928  positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 741.807 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 664 aktiv Infektioune ginn a 7.140 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 33 Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 2 Patient ass op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,07. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO