Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.979 Tester waren der 30 positiv, kee weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 30 positiv geteste Patienten, 23 vun hinne si Residenten. Dat fir de 17. August. Et goufen 3.979 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.499 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 689.916 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 622 aktiv Infektioune ginn a 6.753 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 32 (-5) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 4 (+1) Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,83. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO