Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.007 Tester waren der 19 positiv, keng weider Persoun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, onverännert bei 123 läit.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 19 positiv geteste Patienten, dovunner 15 Residenten an 4 Net-Residenten. Dat sinn der elo am Ganze 7.458. Et ass keng Persoun bei den Doudesaffer zënter e Samschdeg bäikomm, sou dass een am Ganze nach ëmmer bei 123 Doudesaffer läit.

An de leschte 24 Stonne goufen 3.007 Tester gemaach. Dovunner waren 2.522 Tester vu Residenten a 485 vun Non-Residenten.

Zënter e Samschdeg, 27. Juni gi weekends just d'Zuele vun duerchgefouerten Tester, den Nei-Infektiounen an den Doudesaffer matgedeelt. Méi Detailer iwwert d'Tester, déi samschdes a sonndes gemaach ginn, gi vun elo un ëmmer méindes publizéiert.

Communiqué

Allègement de la publication de statistiques lors des weekends et jours fériés (26.06.2020)

Communiqué par: ministère de la Santé Durant la phase actuelle de l'épidémie COVID-19, un allègement de la fréquence de la collecte de données dans le cadre du monitoring COVID-19 se fera durant les weekends et jours fériés.

Ainsi, à partir du samedi 27 juin, seront uniquement mises à jour sur le site internet www.covid19.lu les statistiques concernant :

• le nombre de tests ;
• le nombre de cas positifs ;
• le nombre de décès.

Tous les lundis, les données du weekend et les données du jour seront actualisées.

Toutefois, le recueil des indicateurs fondamentaux à la surveillance de l'évolution de l'épidémie, essentiel à la gestion de la crise sanitaire dans la durée, sera maintenu.

Back to Top
CIM LOGO