
Tëscht 19.30 an 21 Auer war op Uerder vum Procureur d'Etat eng Kontroll zu Rëmeleng, Rue des Martyrs. Hei goufen 108 Automobiliste kontrolléiert. An 2 Fäll war den Test positiv, an engem Fall gouf de Führerschäin agezunn.
Tëscht 22 an 23 Auer gouf dunn nach zu Esch un Boulevard Charles de Gaulle kontrolléiert. Hei hat 1 Automobilist vu 85 ze vill gedronk.
Op Esch-Belval an engem Elektrogeschäft hat e Freideg eng Persoun versicht Smartphonen ze klauen. D'Sécherheetspersonal huet de Mann gestoppt. D'Police gouf geruff an de Mann gouf festgeholl. Eng Sécherheetspersoun gouf liicht verwonnt.