PoliceVun 178 kontrolléieren Automobilisten haten der 2 ze vill gedronk

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet hat d'Police um Samschdeg den Owend direkt op 3 Plazen gréisser Alkoholkontrolle gemaach, dat an der Stad an um Houwald.
© RTL-Archiv

Bei 70 kontrolléierten Automobilisten an der Route de Longwy an der Stad, war keen dobäi, deen ze vill gedronk hat.

Um Houwald an der Diddenuewener Strooss goufen 63 Automobiliste kontrolléiert. Bei engem war den Test positiv ausgefall an et gouf en "avertissement taxé" geschriwwen.

Duerno ass et weidergaangen an der Areler Strooss an der Stad. Hei goufe 45 Automobiliste fir en Otemtest ugehalen. Och hei war just 1 positiv ausgefall, wat negativ Konsequenze fir de Chauffer hat.

A kengem Fall gouf de Führerschäin agezunn.

Wéi de CGDIS mellt, hat géint 13.20 Auer en Auto op der Areler A6 gedämpt. Hei waren d'Pompjeeë vu Mamer op der Plaz. Et ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO