Coronavirus zu LëtzebuergVu 7.731 Tester waren der 65 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 65 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 7.731 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 21 (-2) Leit hospitaliséiert, dovunner keen op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 597 aktiv Infektiounen. 6.367 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00.

CORONAVIRUS –RAPPORT JOURNALIER

Back to Top
CIM LOGO