Coronavirus zu LëtzebuergVu 7.552 Tester waren der 60 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 60 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 7.552 Tester vu Residente gemaach.

Aktuell si  16 Leit hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,90.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO