
Aktuell si 72 Patienten hospitaliséiert, dovunner 14 (-3) op der Intensivstatioun.
E Mëttwoch kruten iwwerdeems 451 Persounen hir 1. Dosis vum Vaccin a 449 Leit hir 2. Dosis. Am Ganze sinn dat elo 6.193 Persounen, déi geimpft goufen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.