Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.615 Tester waren der 48 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
© AFP

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 48 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un, dat vum 27. August un. Et goufen 6.615 Tester vu Residente gemaach.

Stand vum Freideg sinn 30 Leit hospitaliséiert, dorënner 2 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel louch bei 1,03.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO