
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 67 positiv geteste Patienten, 58 vun hinne si Residenten. Dat fir de 18. August. Et goufe 6.480 Tester gemaach.
Dat sinn elo am Ganze 7.566 positiv Fäll.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 696.415 Tester gemaach.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 629 aktiv Infektioune ginn a 6.813 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 33 (+1) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 3 (-1) Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,86. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.