Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.406 Tester waren der 119 positiv, 6.897 Dosisse gesprëtzt

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 562 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell si 77 Patienten hospitaliséiert, dovunner 14 op der Intensivstatioun.

En Donneschdeg goufen iwwerdeems 704 éischt Dosisse vum Vaccin gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 6.897 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO