Coronavirus zu LëtzebuergVu 5.376 Tester waren der 37 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 122 bliwwen ass.
© RTL

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 37 positiv geteste Patienten, 33 vun hinne si Residenten. Dat fir den 13. August. Et goufe 5.376 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.405 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 672.717 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 783 aktiv Infektioune ginn a 6.500 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 35 (-3) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 3 (+2) Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,790. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF Rapport Journalier vum 14. August 2020

Back to Top
CIM LOGO