Coronavirus zu LëtzebuergVu 5.132 Tester waren der 14 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 14 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 5.132 Tester vu Residente gemaach.

Aktuell sinn 20 (+5) Leit hospitaliséiert, dovunner kee méi op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 584 aktiv Infektiounen. 6.266 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,040.

PDF: Rapport Journalier vun der Santé (8.9.2020)

Back to Top
CIM LOGO