DiddelengViru Kontroll geflücht, Auto bäigedréint an awer dervukomm

RTL Lëtzebuerg
Enger Police-Patrull ass en Dënschdeg den Owend zu Diddeleng an der Rue de la Paix ee verdächtegt Gefier opgefall, an deem 4 Leit dra souzen.

Wéi d'Beamten dunn aus hirem Déngschtwon erausgeklomme sinn, fir de Won ze kontrolléieren, sinn déi Verdächteg a Richtung Rue René Hartmann geflücht.

Si sinn dunn an d'Strooss "An der Foxenhiel" agebéit an haten do een Accident. Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, waren déi 4 Verdächteg schonns net méi do.

Trotz enger Sichaktioun konnte si och net méi fonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO