
Um CR329 tëscht Uewerwampech an Déierbech koum et wéinst Beem an Äscht an der Strooss zu engem Accident, hei krut en Auto e Bam ze paken.
Den Zuchtrafic op der Linn 60 tëscht Beetebuerg an Diddeleng war e Freideg de Moie wéinst de Wiederkonditioune perturbéiert. E Bam war do op d'Schinne gefall. D'CFL hat de Passagéiertransport mat Bussen assuréiert.
Den CR105 tëscht Habscht a Käerch huet misste wéinst den Äscht an der Strooss gespaart ginn.
De CGDIS huet 2 weider Tëschefäll op eise Stroosse gemellt, déi awer näischt mam Stuerm ze dinn haten.
An der Millebaach gouf um 7.30 Auer e Foussgänger an de Rue Albert Unden ugestouss a blesséiert.
Zu Dräibuer koum et kuerz no Auer zu engem Accident op der Héicht vun der Piscine. Do krute sech 2 Ween ze paken. Hei gouf et 3 Blesséierter.
Am Laf vum Nomëtteg koum et nach zu e puer Kollisiounen. Eng tëscht engem Camion an engem Auto gouf et kuerz viru 14 Auer zu Réimech, eng weider tëscht 2 Autoen um Belair géint 14.20 Auer. Eng Persoun gouf all kéiers verwonnt.
Zwee Blesséierter gouf et nach bei enger weiderer Kollisioun tëscht 2 Autoen um 15.30 Auer zu Nidderfeelen.