
Dat mellt um Mëttwoch de Moien den 112.
Net manner wéi 6 mol war et zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer komm, ënnert anerem zu Fréiseng, zu Walfer, tëscht Mutfert a Méideng, um Houwald an um Kierchbierg.
Op der Stater Gare an der Rue du Fort Neiperg war en Dënschdeg den Owend géint 20.15 Auer ee Passant vun engem Auto ugestouss ginn.
Zu Péiteng an der Rue du Chemin de Fer war géint 20.30 Auer een Automobilist mat sengem Gefier an d'Mauer vun enger Bréck gerannt.
Kuerz no 21 Auer hat et zu Veianen an der Rue du Sanatorium an engem Atelier gebrannt. D'Pompjeeë vu Veianen, Tandel, Dikrech an Ettelbréck, souwéi zwou Ambulanze waren op der Plaz. Et wier awer kengem eppes geschitt, mellt den 112.
Géint 3 Auer um Mëttwoch de Moie stoung dann nach zu Wuermer een Auto a Flamen. Déi lokal Pompjeeë waren am Asaz. Och hei blouf et beim Materialschued.