
Op en Neits gëtt et e juristesche Réckschlag fir d’Géigner vum Datazenter vu Google: d’Verwaltungsgeriicht huet Recourse vum Mouvement écologique géint de Projet vu Google zu Biissen d’lescht Woch verworf. D’Ëmweltassociatioun hat géint d‘punktuell Ëmklasséierung vum allgemenge Bebauungsplang (PAG) duerch d’Biisser Gemeng vum 20. Juni 2019 geklot. Anerersäits huet se d’entspriechend Approbatiounen duerch den Inneministère an den Ëmweltministère kontestéiert.
Iwwerdeems de Mouvement ënnert anerem der Meenung ass, datt keng Konklusiounen aus der Ëmweltimpaktstudie (SUP) gezu gi wieren, steet am Urteel, datt d’Riichter fannen, déi Studie wier komplett gewiescht.
Donieft sinn d‘Riichter zur Konklusioun komm, datt de Mouvement als Ëmweltassociatioun just kéint am Zesummenhang mam Naturschutzgesetz kloen. Géint administrativ Akten, ewéi déi vun der Gemeng a vum Inneministère, kéinte laut Gesetz vun 1996 iwwert d’administrativ Juridiktioune just Leit kloen, déi kënne beleeën, datt se "direkt, aktuell a sécher" concernéiert sinn.
De Mouvement écologique huet nach net decidéiert, ob e géint d’Urteel vum Verwaltungsgeriicht an Appell geet. Op Nofro hi sot de Mouvement, et géing een nach mat Affekot a Verwaltungsrot doriwwer beroden.
Wou ass de Projet drun ?
Ass et bei dësem Prozess ëm d’punktuell Ëmklasséierung am PAG vun 2019 gaangen, sou huet antëscht de Gemengerot vu Biissen och schonn de PAP, de spezifesche Bebauungsplang, de leschten Oktober guttgeheescht. D’Baggere fueren awer nach net, well e puer Prozeduren nach amgaange sinn an definitiv Autorisatiounen nach néideg sinn. De kompletten neie PAG vu Biissen ass iwweregens awer och nach an der Maach, sou datt theoretesch och hei nach emol kënne Reklamatioune gemaach ginn.
Och an der Affär ëm d’Publikatioun vum "Memorandum of Understanding" tëscht dem Staat a Google krut de Mouvement virun der Cour administrative am Abrëll Onrecht. D’Associatioun hat dat Urteel als "Réckgang am Engagement fir d’Ëmwelt" beschriwwen an un d’Regierung appelléiert, fir wesentlech Reforme fir d’Recht vun der Ëmwelt z’ënnerhuelen. Donieft misst en uerdentlecht Gesetz fir den Zougang zu Informatiounen op den Dësch kommen.