
Zu deem Uerteel koum eng Riichterin vum Tribunal administratif am Sträit tëscht enger Crèche an dem Educatiounsminister. De Claude Meisch hat der Crèche fir Kanner bis 4 Joer am Mäerz e Schreiwes geschéckt. Dora stoung, no ënner anerem 5 Ermanungen, enger Verwarnung an zwou Kontrollen, dass d'Crèche net adaptéiert wär.
Et géif zum Beispill net genuch pedagogescht Material, et géif kee Gaart ginn an d'Mauere wäre knaschteg. D'Crèche hätt 3 Méint Zäit, fir Remedur ze schafen a sollt dat net geschéien, kéint den Agrement entzu ginn. Een Agrement, deen och op 4 Méint géif limitéiert ginn. De Minister hat doropshin en entspriechenden Arrêté geholl.
Am Juli koum dunn en neien Arrêté, duerch deen d'Demande fir en illimitéierten Agrement verworf an dee limitéierte verlängert gouf, bis Enn August, mam eenzegen Zil, fir da mat den Aktivitéiten opzehalen. D'Crèche war dowéinst am Juli op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
An den Ae vun der Riichterin stellt éischtens d'Decisioun vum Mäerz engersäits eng lescht Ermanung duer an zitt anerersäits eng Limitatioun vum Agrement no sech. D'Riichter um Fong dierfte wuel festhalen, dass de Claude Meisch der Crèche am Mäerz hiren illimitéierten Agrement entzunn huet, woumat déi prozedural Reegelen net agehale gi wären. D'Entzéie vum Agrement misst an e puer Etappe geschéien: Sou dierft déi lescht Ermanung net zesummefale mat der Limitatioun vum Agrement. Donieft dierft dem Riichter um Fong no wuel och d'Recht net respektéiert gi sinn, fir virum Entzuch vum Agrement gehéiert ze ginn.
Well déi ëmstridden Decisioun deemno um Fong wuel dierft annuléiert ginn, wär der Demande nozekommen, fir déi Decisioun auszesetzen, sou d'Riichterin, fir déi, zweetens och d'Decisioun vum Juli zwee Voleten huet: De Refus fir en Agrément illimité ze ginn an d'Verlängerung vum limitéierten Agreement bis Enn August, mam Zil, fir da mat den Aktivitéiten opzehalen. Et géif ferm Chancë ginn, dass d'Riichter um Fong och d'Decisioun vum Juli annuléiere géifen. Deemno wär der Demande no engem provisoresche Behale vum Agrement nozekommen.