
Dat sot hien en Donneschdeg de Moien no senger Entrevue an der zoustänneger Chamberkommissioun, wou hien den Deputéierten Explikatiounen zum Verlaf vun där Affär ginn huet an iwwert nei Elementer informéiert huet.
Hien hätt mat 6 Mataarbechter vum RTPH (Reseau pour le travail et la promotion humaine) Gespréicher gehat. Dobäi wären eng Rei Elementer opkomm, bei deene Leit Undeitunge gemaach hätten, déi hien als Minister net kéint kontrolléieren. Een drëtten Onofhängege soll dat elo iwwerhuelen. Déi nei Reprochë bezéie sech op méiglech Interferenzen tëscht den zwou Asblen:
Dan Kersch:''Do sinn eng Rei vun Elementer opkomm, wou Leit Undeitunge gemaach hunn, déi ech net ka kontrolléieren. Ech hätt gär, dass een drëtten Onofhängegen dat kontrolléiert. Vue dass do zwou Asblen am Spill sinn – RTPH, mat där mir eng Konventioun haten, an RTPH Consulting – soll gepréift ginn, ob et do Interferenzen tëschent deenen zwou Associatioune gouf. Op Lëtzebuergesch gesot, ob et kéint de Fall sinn – bewosst am Conditionel – , dass Leit, déi iwwert d'Konventioun mam Staat, fir eng aner Asbl geschafft hunn.''
Hie schafft den Ament un engem Text, fir eng Denonciatioun kënnen ze maachen, dat huet den Dan Kersch confirméiert. D'Konventioun mam RTPH gëtt jo net verlängert. Als Haaptgrond nennt de Minister Vertrauensbroch. Et hätt ee vun der Associatioun e Bréif zeréckkrut, an där wesentlech Passagen am Text vun der Konventioun ofgeännert gi wären, ouni dat esou ze deklaréieren. Hei gouf eng Plainte deposéiert.
De CSV-Deputéierte Marc Spautz bedauert, dass déi Zesummenaarbecht tëscht Staat an enger Asbl esou op en Enn geet. Hie géif och nach weiderhi Froen zu där Affär un de Minister riichten. Dem Marc Spautz no hätt déi Partnerschaft awer offensichtlech net méi fonctionnéiert, dofir géif een d'Decisioun, d'Konventioun net méi ze verlängeren, och verstoen. Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum huet dofir plädéiert, dass een d'Justiz Liicht an déi Affär brénge loosse soll. Hie bedauert awer, dass esou Affären d'Verhältnis tëscht dem Staat an den Associatioune belaaschte géifen.