Autoshändler zu HousenVersichten Déifstall vun enger Partie Autoen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend géint 20.30 Auer hunn dräi Männer zu Housen an der Rue Happerfeld versicht, e puer Autoen ze klauen. Si goufen awer dobäi erwëscht.

Doropshin hu sech déi dräi duerch d'Bascht gemaach. Mat Hëllef vun enger Hondsstaffel gouf ee vun de Männer an der Strooss "Op der Hei" fonnt an en zweeten an engem Feldwee. Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune festgeholl a misste sech e Sonndeg virum Untersuchungsriichter veräntwerten. De leschten Déif konnt nach net ermëttelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO