Den aktuelle Schäfferot wier wichtegen Defien éischter aus dem Wee gaangen, wéi se unzepaken, huet et dobäi geheescht. Dat gouf unhand vu verschiddene Beispiller illustréiert, wéi dem Logement, enger nohalteger Mobilitéitspolitik, dem Ëmweltschutz oder enger qualitativer Verbesserung vun de Stater Schoulen.
D'Gemengeresponsabel hätten et bis ewell beispillsweis verpasst, déi eenzel Quartiere fir Foussgänger a Cycliste besser mam Zentrum ze verbannen. Et géif un engem Konzept feele fir eng douce Mobilitéit ronderëm d'Schoulweeër a beim Klimaschutz géifen d'Ambitioune vu Blo-Schwaarz ferm ze wënschen iwwreg loossen.
Déi Gréng erwaarde sech vum Schäfferot d'Stad mat innovativen, participativen an nohaltege Projeten fit fir d'Zukunft an zu engem Virbild ze maachen.