No grousser SichaktiounVermësste Mann vu Bungeref um Freideg de Moien erëmfonnt

RTL Lëtzebuerg
Den 72 Joer ale Mann war fir déi leschte Kéier géint 13 Auer en Donneschdeg op engem Feldwee bei der Bungerefer Mille gesi ginn.
Police 2017
Police 2017
© Police 2017

Eng grouss Sichaktioun gouf an d'Weeër geleet, un där d'Police, d'Rettungshënn vum Roude Kräiz, de CGDIS an d'Pompjeeë vu Rammerech a Bauschelt bedeelegt waren. Och eng Dron vum CGDIS gouf agesat.

Um Freideg de Moie géint 8.30 Auer konnt de Mann erëmfonnt ginn. Et geet him gutt.

D'Police seet der Populatioun Merci fir hir Hëllef.

Back to Top
CIM LOGO